Klassik aktuell
The Triumph of Time and Truth
7 min
De Sonndeg (19.03.) spillt den Ensembel Ad Libitum zu Waldbëlleg an der Kierch e Concert mat Musek vum Georg Friedrich Händel. De Programm ass zesummegesat aus Arien aus dem Händel sengen 42 Operen a 25 Oratorien. Gesonge ginn d'Arie vun der Sopranistin Sylvie Langehegermann.
De Christophe Mirkes huet sech mam Rosch Mirkes iwwert dem Georg Friedrich Händel säi Wierk an d'Faszinatioun fir al Musek ënnerhalen.