Klassik aktuell
Così fan tutte
9 min
Zanter 2013 ass de Raphael Immoos Dirigent vun de Basler Madrigalisten. Beim Vokalensemble, deen et zanter 1978 gëtt, stinn zemools zäitgenëssesch Musek a Wierker aus der Schwäiz um Programm. Haut den Owend ass et eng Oper vum Mozart: Così fan tutte. De Raphael Immoos ass net nëmme Leeder vun de Basler Madrigalisten, mee ënner anerem och Professer fir Chouerleedung. A genee dofir kann hie net beim Concert an der Philharmonie dobäi sinn. Wéi hien sech dobäi fillt, a wéi et dozou koum datt hie Chouerdirigent a net Orchesterdirigent ginn ass, dat huet de Raphael Immoos dem Marie Schockmel verroden.