Klassik aktuell
Duerch de Radio op den Cello komm
8 min
D'lescht Joer huet de Marcel Johannes Kits den 3. Präis beim Concours Reine Elisabeth gewonnen. Muer (28.03.) spillt de 27-Joer-jonken Cellist säin éischte Concert zu Lëtzebuerg, am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck. Dat net eleng, mee zesumme mat der Pianistin Naoko Sonoda. Um Programm stinn hei Wierker vum Benjamin Britten, Sergei Rachmaninov, an och vum Alfred Schnittke. De Marcel Johannes Kits huet dem Marie Schockmel ënnert anerem verroden, wéi et bei senger Zwillingsschwëster mat der Musek ausgesäit, wéi dat war mat 7 Joer an eng Musekshéichschoul ze goen a wéi et zum Programm vu sengem Concert am CAPE komm ass.