arrow_back_ios
Klassik aktuell
Den éischte grousse Concert
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Wou de Ludwig van Beethoven gestuerwen ass, huet ganz Wien getrauert. Ronn 20 000 Leit sollen him beim Begriefnis Äddi gesot hunn an d'Zeitunge ware voll mat Noriff. Ganz anescht war d'Situatioun wou de Beethoven zu Wien ukomm ass. Deemools huet hie sech misse géint aner Museker duerchsetzen. Gelongen ass him dat ënner anerem mat engem Concert, deen hien haut viru ganz genee 228 Joer gespillt huet.
De Luc Boentges kuckt elo op dës Ufankszäit zu Wien zeréck.