Klassik aktuell
Iwwer 120 international Kandidat:innen
8 min
15.000 € Präisgelder ginn de 16. Abrëll zu Maarnech am Cube521 verdeelt. Um Programm steet d'Finall vun der Michel Becquet International Trombone Competition am Kader vum Klenge Maarnicher Festival. An den Deeg virdru stinn den éischten an den zweeten Tour op der Affiche, genee esou wéi véier Concerten.
D'Finall, bei där déi bescht Kandidat:innen vun der Militärmusek begleet ginn, gëtt live um radio 100,7 an um opus 100,7 iwwerdroen. An do virdrun huet de Luc Boentges mam Laurent Lemaire, dem Coordinateur vum Concours geschwat.