arrow_back_ios
Klassik aktuell
Vill Musek an engem kuerze Liewen
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Haut viru genee 101 Joer goufen am Ganzen 13 Lidder vum George Gershwin uropgeféiert. Et handelt sech ëm d'Songs aus der Show "The Rainbow". D'Première vun dësem Bünewierk gouf den 3. Abrëll 1923 am Empire Theatre zu London gefeiert. Dës Produktioun huet dem Gershwin seng éischt Rees op London erméiglecht. Och wann de Komponist net al gouf, hat hie schonn zu Liefzäiten en héije Bekanntheetsgrad an Amerika an an Europa. De Luc Boentges geheit e Bléck op dem George Gershwin seng Biographie.