Europa Aktuell
Europäesche Parteiestatut: Keen Accord en Vue
4 min
Nom Super-Waljoer zu Lëtzebuerg stinn d'nächst Joer Europawalen um politesche Programm.
Mat wéi engem Statut déi europäesch Mammeparteien, an deenen déi national politesch Formatioune sech um europäeschen Niveau organiséieren, an déi Walen zéien, ass nach net kloer. D'Parteie-Gesetz soll nämlech reforméiert ginn. D'Memberlänner an d'Europaparlament gi sech awer zanter Méint net eens - an et kéint knapps ginn, dofir, datt déi Reform fir d'Europawalen 2024 nach gräift.
D'Danièle Weber huet mam Charles Goerens geschwat, dee bei de Verhandlungen tëschent de Länner an dem Parlament dobäi ass.