Klassik aktuell
Duerch Zoufall d'Komponistin kennegeléiert
10 min
Virun engem Joer waren déi dräi Museker vum Trio Spilliaert fir hiren éischte Concert hei zu Lëtzebuerg - dee war deemools an der Protestantescher Kierch am Kader vun de Concerts de Midi. Dëse Freideg si si do zeréck, an dat mat nach eemol engem ganz spannende Programm. Wéi ëmmer, ass et deenen dräi jonke Museker och bei dësem Concert wichteg, Musek vu Komponistinnen a Komponisten aus der Belsch ze spillen. Hei stinn nieft dem César Franck och d'Jacqueline Fontyn op der Affiche - eng belsch Komponistin, déi déi dräi Museker vum Trio Spilliaert bei engem vun hire Concerten eemol ganz duerch Zoufall kennegeléiert hunn. Deen drëtte Komponist ass da keen aus der Belsch, mee de Joseph Haydn.
D'Marie Schockmel huet sech mam Jean-Samuel Bez, dem Geiist vum Trio, iwwer de Concert ënnerhalen.