Klassik aktuell
Une petite chorale de cuivres
9 min
Octotrip - dat sinn aacht Museker, déi sech wärend hire Studien um Conservatoire National Supérieur de Musique et de Danse de Lyon kennegeléiert hunn. Dësen Donneschdeg (13.04.) spille si hiren éischte Concert zu Lëtzebuerg, dat am Kader vun der Michel Becquet International Trombone Competition zu Maarnech am Cube. Um Programm stinn hei nieft Wierker aus der klassescher Musek och zäitgenëssesch an Jazz-Musek. An alles wat si spille si Kreatiounen, also nei Wierker déi virdrun nach ni opgeféiert goufen. D'Marie Schockmel huet sech mam Robinson Khoury, engem vun de Museker vun Octotrip, ënnerhalen.