arrow_back_ios
Klassik aktuell
Nei Muschel
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow
2015, beim 10. Jubiläum vun der Philharmonie ass d'Iddi entstanen, enges Dages d'Philharmonie ze vergréisseren. Dat zemools fir d'Offer u Kanner- a Jugendprojeten nach besser ënner ze kréien. Elo sinn d'Pläng finaliséiert. Dobäi komme wäert eng nei Muschel um Niveau vum Foyer. Dëst gëtt ee polyvalente Sall, an deem bis zu 200 Leit era passen.
D'Marie Schockmel huet sech mam Stephan Gehmacher, dem Direkter vun der Pilharmonie, iwwert déi nei Muschel ënnerhalen.