Klassik aktuell
De Gewënner steet fest
7 min
De Roberto De La Guía Martínez huet d'Finall vum Internationale Michel Becquet Concours gewonnen. Den Trombonist huet domat dee mat 8.000 € dotéierten éischte Präis gewonnen. Deen zweete Präis (4.000 €) geet un den Tim Ouwejan an déi drëtt Plaz (2.000 €) geet un de Víctor Álvarez Alegría. Niewent dem Präis, deen den Tim Ouwejan vum Jury kritt huet, huet hien och dee mat mat 1.000 € dotéierte Publikumspräis gewonnen.
D'Finall vun dësem Concours am Kader vum Klenge Maarnicher Festival war de 16. Abrëll 2023 zu Maarnech am Cube 521. De radio 100,7 an den opus 100,7 hunn dësen Event live iwwerdroen. Moderéiert gouf d'Finall vum Marie Schockmel.
Um Programm stoungen zwee Stécker, déi all Kandidat huet misse spillen. Begleet vun der Militärmusek ënner der Leedung vum Lieutenant Colonel Jean-Claude Braun hu si dem Ferdinand David säi Concertino Opus 4 interpretéiert a "Fragments", dat neit Wierk vum lëtzebuergesche Komponist a Saxofonist Georges Sadeler.