arrow_back_ios
Klassik aktuell
Zwillingsschwësteren an zwee Pianoen
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Ufanks war de Concert einfach fir d'Musek organiséiert ginn. Wéi dunn d'Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrie waren, hunn d'Arzu an d'Gamze Kırtıl entscheet, hir zwee Concerten bei Pianos Kelly zu Nidderaanwen als Don fir ee Kannerprojet an der Tierkei ze organiséieren. D'Zwillingsschwëstere kommen aus der Tierkei, an d'Gamze wunnt momentan och zu Ankara. Wéi si sech organiséiere fir Concerten zesummenzespillen, a wéi et bei hinnen iwwerhaapt mam Piano ugefaangen huet, dat huet d'Arzu Kırtıl dem Marie Schockmel verroden.