Klassik aktuell
Noa Wildschut als Rising Star an der Philharmonie
9 min
Mat nëmme siwe Joer spillt si hiren éischte Concert am Concertgebouw zu Amsterdam. Zanterhier schafft déi 22-Joer-jonk Noa Wildschut zesumme mat Orchestere ronderëm d'Welt. Haut den Owend (18.04.) steet si zesumme mat der Pianistin Elisabeth Brauß op der Bün an der Philharmonie - dat am Kader vum Rising-Star-Programm vun der European Concert Hall Organization. Op der Affiche steet nieft Musek aus der Romantik an aus dem 20. Joerhonnert och ee Wierk vun engem zäitgenëssesche Komponist aus der Noa Wildschut hirer Heemescht. Et ass den Joey Roukens. D'Marie Schockmel huet sech mat der Geiistin ënnerhalen.