Europa Aktuell
Nei Sanktioun géint Monica Semedo: wéi geet et elo virun?
4 min
Haut ass de Premier Xavier Bettel am Europaparlament op Besuch - fir mat den Deputéierten iwwer d'Zukunft vun Europa ze diskutéieren. Ausgerechent een Dag virdrun, also gëschter (18.4.), huet d'Presidentin vum Parlament, d'Roberta Metsola, eng fréier Parteikolleegin vum Xavier Bettel, eng zweete Kéier sanktionéiert.
Een interne Comité vum Parlament war no enger Plainte vun engem fréieren Mataarbechter vun der Monica Semedo zum Schluss komm, datt op en Neits ee Fall vu Mobbing virläit. Vu Stroossbuerg aus dem Parlament mellt sech d'Danièle Weber.