arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

Den Iggy Pop feiert haut seng 76: e gudde Grond fir e bëssi a sengem musikalesche Repertoire ze wullen. D'Palett geet dobäi vu rauem a wëlle Live-Rock bis zu spannenden an och alt emol onerwaarten Zesummenaarbechte mat Aneren. Dem Amerikaner seng sonor Stëmm ass vill gefrot a gëtt méi wéi enger Kolleege-Kompositioun ee gewësse Cachet.


Aussergewéinlech ass dem Iggy Pop seng rezent Aarbecht mat der jonker hollännescher Harfspillerin Lavinia Meijer: et ass dat d'Vertounung vu sengem Gedicht "Mom and Dad", dat hien nom Doud vu sengen Eltere geschriwwen huet. Just Harf a Stëmm ... d'Lidd koum um klassesche Label vu Sony eraus, op deem d'Lavinia Meijer musikalesch doheem ass.


D'Playlist ass dës:



Iggy Pop - Neon Forest (Brick By Brick, 1990)

Millenia Nova feat. Iggy Pop - Rockicide (Narcotic Wide Screen Vista, 2011)

The BPA feat. Iggy Pop - He's Frank (OST Heroes, 2009)

Lavinia Meijer feat. Iggy Pop - Mom and Dad (Are You Still Somewhere?, 2022)

Iggy Pop - We Are The People (Free, 2019)

Iggy Pop - Shades (Blah-Blah-Blah,1986)

Iggy Pop - Home, Brick By Brick (1990)

Iggy Pop - The Passenger (live) (Kiss My Blood - live at the Olympia Paris, 1991)

Iggy Pop - Louie Louie (live) (Kiss My Blood - live at the Olympia Paris, 1991)

Iggy Pop - Real Wild Child (live) (Kiss My Blood - live at the Olympia Paris, 1991)

Underworld feat. Iggy Pop - I'll See Big (Teatime Dub Encounters, 2018)

Death In Vegas feat. Iggy Pop - Aisha (The Contino Sessions, 1999)

Goran Bregovich feat. Iggy Pop - In The Death Car (OST Arizona Dream, 1992)




Episoden

Let’s go live!

Vill Live-Opnamen an dëser Stonn Al Schanken
headphones

184 min

play_arrow

Jones Gang & Jeff Beck live

Zwou Rock Ikonen am Concert
headphones

184 min

play_arrow

Let’s groove!

Net nëmmen beim 2020 verstuerwene Bill Withers a senge Live-Opnamen aus dem Joer 1973 steet de Groove am Mëttelpunkt - an deen ass an dëser Stonn omnipresent ...
headphones

184 min

play_arrow

Soul and Funk

De Grëff an déi musikalesch Archivkëscht geet dës Kéier a Richtung Soul a Funk ...Genren, déi besonnesch an de Siwwenzeger Joren grouss erauskoumen a via d’USA exportéiert goufen.
headphones

184 min

play_arrow

Let’s go live!

Vill Live-Opnamen an dëser Stonn Al Schanken
headphones

184 min

play_arrow

Ben Harper live

De 26. Oktober 1997 hat den US-Museker souzesoen en Happy-Birtday-Gig am Atelier: hien ass do 2 Deeg no sengem 28. Gebuertsdag am Quartett opgetrueden ...
headphones

60 min

play_arrow

The Stranglers live

Mam Band-Matgrënner Jean-Jacques Burnel sinn déi englesch The Stranglers haut nach ëmmer aktiv - hien ass awer deen eenzegen Originalmember vun der Formatioun.
headphones

60 min

play_arrow

Psych Pop a Space rock

Mam Dave Brock a senger Formatioun Hawkwind a sengem fréiere Bandkolleeg Nik Turner stinn zwee Pionéier vum Space rock op der Playlist.
headphones

60 min

play_arrow

Dear Jerry

Vill Kolleege vum Grateful-Dead-Frontmann Jerry Garcia koumen am Mee 2015 am US-Bundesstat Maryland fir e sougenannten Tribute-Concert zesumme fir un hien ze erënneren.
headphones

60 min

play_arrow

Lemmy’s side project

headphones

60 min

play_arrow

Klangwelten

Invitatioun fir eng musikalesch Rees uechter verdreemte Soundwelten, Zäit fir d’Kompositiounen, wou manner haart gerockt mee éischter sophistiquéiert musizéiert gëtt.
headphones

60 min

play_arrow

Lou Reed live

An dëser Stonn lafen e puer Live Opnamen vun him, dorënner zwou méi apart Versiounen vu senge Kompositiounen ‚Kicks‘ a ‚Vicious‘.
headphones

60 min

play_arrow

Golden Earring live

Déi hollännesch Band gouf 1961 vun e puer Schoulkolleege an d’Liewe geruff a bestoung bis 2021. Dräi vun hiren éischten Erfolleger hu mir an der Live-Versioun derbäi.
headphones

60 min

play_arrow

Guns N’ Roses live

An dëser Stonn stinn e puer Live-Opname vun der US-Band op der Playlist a ginn esou e Virgeschmaach op den Optrëtt vun Axl Rose, Slash a Co. um Kierchbierg den 28. Juli.
headphones

60 min

play_arrow

Mad Dogs and Englishmen

Mat deem Duebelalbum si mir mam Joe Cocker am Joer 1970 - dëst bei enger éischter wéineg professionell organiséierter Tour, eng ustrengend an deier Tour.
headphones

60 min

play_arrow

In concert

Mir ginn dës Stonn véier Mol an de Concert - eis Affichen heeschen Talk Talk, Paul Weller, Jean-Louis Murat a Lucinda Williams.
headphones

60 min

play_arrow

Fluid architecture

D’Lidd steet an der éischter Rei ... an et ass de Stoff fir Geschichtenerzielerinnen an - Erzieler, déi erlieften oder erduechte Momenter op hir eege Manéier vertount hunn.
headphones

60 min

play_arrow

Technicolour Dreams

Et geet an dëser Stonn virun allem eran an d’Enn Sechzeger mat Tracken, déi dacks vu legalen a besonnesch illegale Substanzen nëmmen esou strotzen.
headphones

60 min

play_arrow

The Pretenders an de Bléck op de Concertskalenner

Déi US-brittesch Band The Pretenders, 1978 gegrënnt, haten éischt Hallschent vun den 80er weltwäit eng etlech Erfolleger an den Charts ze verbuche sinn - dräi dovunner lafen an dëser Stonn an de Live-Tracken.
headphones

60 min

play_arrow

Jerry Garcia live

De Bandleader vun der legendärer US-Jamrock-Formatioun Grateful Dead huet och mat eegener Band an a villen Zesummenaarbechte Placken erausbruecht, laang Stécker, mat villen Improvisatiounen.
headphones

60 min

play_arrow