Klassik aktuell
De Jean Muller spillt Sonate vum Schubert
7 min
Schonn zweemol huet de Jean Muller Intégralë vu Pianossonaten opgeholl. Hien huet eng Gesamtopnam vun de Pianossonate vum Beethoven gemaach an ass am Moment nach amgaang déi vum Mozart ze completéieren. Elo huet de Lëtzebuerger Pianist sech virgeholl all Schubert-Sonaten an enger Concertsserie am Cube 521 zu Maarnech no an no opzeféieren.
De Christophe Mirkes huet sech mam Jean Muller net nëmmen iwwer den nächste Concert ënnerhalen, mee och doriwwer, wat et bedeit sech esou intensiv mat Musek vun engem Komponist ze beschäftegen.