arrow_back_ios
Album vun der Woch
Verstoppen am oppene Bléckfeld
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
Op hirer neier Plack "Multitudes" ass déi kanadesch Sängerin Leslie Feist mat sech selwer am Duett, an am Dialog. Et geet hir net ëm déi gréisstméiglech Melodie, oder dee stäerksten Hook, mee ëm d'Richtegkeet vum Gefill. Eng subtil Plack, déi déi grouss Froe vun der Existenz formuléiert, an op onerwaarte Manéiere beréiert, fënnt de Marc Clement.