arrow_back_ios
Klassik aktuell
The Paris Boys Choir
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Ronn 70 Bouwe sange mat bei The Paris Boys Choir. Et ass ee Bouwechouer, deen et schonn zanter 1956 gëtt. Matmaache kënnen all d'Schüler vum Collège Sainte-Croix de Neuilly - enger chrëschtlecher Schoul an engem Viruert vu Paräis. Virun e puer Joer war de Chouer schonn eemol fir ee Concert zu Lëtzebuerg, an elo kënnt en zeréck. An dat net nëmme fir ee Concert, mee fir ee Stage, fir sech op all hir Optrëtt dëse Summer virzebereeden. De François Polgár, den Direkter vum Chouer, huet dem Marie Schockmel méi verroden.