Klassik aktuell
David Philip Hefti
5 min
Den David Philip Hefti kënnt aus der Schwäiz an huet ënner anerem beim Wolfgang Rihm studéiert. Mat sengen 48 Joer huet hie well ronn 80 Wierker komponéiert. Dorënner Stécker fir grousse Sinfonieorchester, Concertoen, Kammermusek an zwou Operen. Souwuel als Dirigent wéi och als Komponist huet hie scho mam Tonhalle-Orchester Zürich, dem Symphonieorchester des Bayerischen Rundfunks an dem Ensemble Modern zesummegeschafft.
Leschte Freideg gouf hie fir seng Aarbecht mam Composer of the Year-Award bei den International Classical Music Awards 2023 geéiert. An an deem Kader huet de Luc Boentges mam Komponist geschwat.