arrow_back_ios
Europa Aktuell
Medezin a Schweden: Digital ass normal
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Zu Lëtzebuerg gëtt sech grad doriwwer gestridden an och Däitschland ass en nach laang net ëmgesat: Rieds ass vum digitale Patientendossier. A Schweden ass dee scho méi laang Realitéit a mëttlerweil gehéiert en do zum Alldag an de Spideeler a Praxissen dozou. Dateschutztechnesch wier de System, deen do gebraucht gëtt, och sécher, heescht et. D'ARD-Korrespondentin a Schweden, d'Sofie Donges, huet sech de Fonctionnement vun der Gesondheets-App am skandinavesche Land ugekuckt.