Klassik aktuell
Nei Saison, neie Look
7 min
En neie Look, de Programm vum OPL, respektiv de Lëtzebuerger Philharmoniker, wéi den Orchester elo op Lëtzebuergesch heescht, Artists in Residence, déi verschidde Concertsserien an de Programm fir Bëbeeën, Kanner a Jugendlecher. Dëst si just e puer vun den Theemen, iwwer déi bei der Presentatioun vun der Saison 2023/2024 an der Philharmonie rieds war. Wärend ronn enger Stonn hunn déi verschidde Responsabel d'Projeten aus hire Beräicher virgestallt an direkt duerno huet sech de Luc Boentges mam Stephan Gehmacher, dem Direkter vun der Philharmonie zesummegesat.