Klassik aktuell
"There is no boss when you play chamber music"
10 min
Zanter ronn 17 Joer ass den Niall Brown Cellist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker. D'Kammermusek spillt awer och eng wichteg Roll a sengem Liewen, an dat zanter senger Kandheet. Hautzedaags spillt hien ënner anerem an engem Quartett zesumme mat anere Museker:innen aus dem Orchester, an an engem Duo zesumme mat senger Fra. Elo koum nach ee weidere Kammermusek-Grupp dobäi - den Niall Brown huet sech zesummegedoe mat der Geiistin Alena Baeva a mam Pianist Vadym Kholodenko.
Haut den Owend (15.05.) spillen déi dräi hiren éischte Concert, dat am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck. D'Marie Schockmel huet sech mam Cellist iwwer de Programm an iwwer seng Passioun fir d'Kammermusek ënnerhalen.