Klassik aktuell
Lëtzebuerger Philharmoniker
5 min
Ewech vun enger Saisons-Broschür hin zu engem musikaleschen Tagebuch, wou ee sech seng Concerte markéieren an Erënnerungen néierschreiwe kann. Dëst ass just eng vun enger ganzer Rei Ännerungen am Optrëtt vun der Philharmonie. An d'A sprangen zum Beispill och en neie Logo, eng nei Campagne an och nei offiziell Bezeechnunge fir den Orchestre Philharmonique du Luxembourg op Lëtzebuergesch an Englesch.
De Luc Boentges huet am Kader vun der Presentatioun vun der neier Saison an der Philharmonie mat der Aliki Zachariadis, der Cheffin vun der Marketing & Digital Division geschwat.