Klassik aktuell
Maximilian Hornung
9 min
Den däitschen Cellist Maximilian Hornung war zéng Joer laang Stipendiat vun der Anne-Sophie Mutter Stëftung a war och schonn dacks mat der Geiistin op internationale Concertstourneen. Elo si Sie zesumme mam amerikanesche Pianist Lambert Orkis mat engem Trioprogramm an Europa ënnerwee. Haut den Owend (24.05.) wäerten déi dräi Solisten dann an der Philharmonie optrieden. Um Programm stinn ënnert anerem zwee Geeschtertrioen: De Geistertrio vum Ludwig van Beethoven an de 'Ghost Trio' vum zäitgenëssesche Komponist Sebastian Currier. Wat déi zwee Wierker matenee verbënnt, mee och wat déi nei Kompositioun vun 2018 eenzegaarteg mécht, huet de Maximilian Hornung am Interview mam Christophe Mirkes verroden.