Klassik aktuell
Le Grand Tour
7 min
De sougenannte 'Grand Tour' hu vill jonk adeleg Leit gemaach fir sech weiderzebilden. Natierlech hunn déi Reese bis an Italien hier Spueren hannerlooss an déi italieenesch Musek a Kultur a ganz Europa verbreet. Véier Enseignanten aus dem Stater Conservatoire hunn e Programm mat Musek aus dem fréie Barock ronderëm de 'Grand Tour' zesumme gestallt. De Concert ass haut (23.05.) den Owend um siwen Auer an der Salle Polyvalente am Conservatoire an der Stad. De Christophe Mirkes huet sech mat der Anne Galowich doriwwer ënnerhalen, wat sou spannend un deene Reesen an un der Entwécklung vun der Musek aus der Zäit war.