Klassik aktuell
L'Inondation
7 min
Eng Koppel hëlt e Weesekand bei sech op, e Meedchen, mat deem de Mann am Laf vun der Zäit eng méi staark Relatioun huet wéi mat senger Fra. D'Bezéiung vun der Koppel leit. Enges Daags zerstéiert eng Iwwerschwemmung d'Wunneng an d'Meedche verschwënnt stënterlech. Dat ass de Fong vun der Oper "L'Inondation" vum Francesco Filidei, déi 2019 an der Opéra-Comique zu Paräis uropgeféiert gouf, an dëst Joer nees als Reprise opgegraff gouf. Am Februar an der Opéra Comique zu Paräis an dëse Weekend - e Freideg (26.05) an de Sonndeg (28.05) - am Groussen Theater zu Lëtzebuerg. An der Fosse sëtzt den Orchestre de Chambre du Luxembourg ënner der Direktioun vum Leonhard Garms.