arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Dat geléngt mir keng zweete Kéier"
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Musikalescht Wonnerkand, acclaméierte Komponist, Organist an Dirigent, Grënner vun der Société nationale de Musique: De Camille Saint-Saëns war eng vun de markante musikalesche Figuren am Iwwergang vum 19. an 20. Joerhonnert. Säi Wierkkatalog ass enorm. An awer gëtt de franséische Museker dacks op e puer Stécker reduzéiert: de Carnaval des animaux, seng Pianosconcerti a seng populär 3. Symphonie, där hiert Haaptthema et esouguer an de Film "Ein Schweinchen namens Babe" gepackt huet.