arrow_back_ios
Klassik aktuell
Carl Maria von Weber (1786-1826)
Hie gëllt als den éischten däitsche Romantiker, e grousst Virbild vun der nächster Generatioun vun den däitsche Komponisten wéi de Richard Wagner. De Carl Maria von Weber huet virun allem mat sengen Operen wéi de Freischütz di grouss däitsch romantesch Oper un d'Rulle bruecht. Allerdéngs huet de Komponist sech als Pianist an an anere Kompostiounsgattungen e Numm gemaach.
De Carl Maria von Weber ass de Komponist vum Mount Juni all Mëttwoch Mueres um Véierel op 11, hei um radio 100,7.