arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng nei Generatioun vun englesche Komponisten
"Land of Hope and Glory" - e vun de grousse Klassikhits verdanke mer dem Edward Elgar, de Komponist, dee fir eis Oueren typesch englesch Musek geschriwwen: populär an ëmmer eng Grëtz feierlech, pompös. Mat dësem Cliché kéint de Komponist gutt liewen, well en ëmmer matte bei de Mënschen, matten am Liewe war. Vläicht grad duerwéinst huet en eng Rëtsch vun deene wichtegste Kompositiounen aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert geschriwwen.