Klassik aktuell
Gospel for All
7 min
De Gospel - ee Gesang, deen d'Leit einfach matrappt - dat wosst d'Fondation EME, an dofir huet se virun zwee Joer ee Projet an d'Liewe geruff, bei deem de Gospel am Mëttelpunkt steet. Et ass "Gospel for All". Zenter Februar vun dësem Joer ass och den INECC Lëtzebuerg mat dobäi, a musikalesch gëtt de Projet vun der Theresia Birngruber geleet. Am Kader vum Internationalen Dag vun der Multipel Skleros sti Leit am Fokus, déi vun där Krankheet betraff sinn, awer och soss all Mënsch - et ass ee Projet deen oppe fir jiddereen ass. Haut den Owend (30.05.) ass den Ofschlossconcert vum Projet - an do sti ronn 40 Sängerinnen a Sänger aus Lëtzebuerg a vun Tréier op der Bün vum Mierscher Kulturhaus. D'Sarah Bergdoll, Coordinatrice générale vun der Fondation EME, huet dem Marie Schockmel méi iwwer de Projet verroden, ënnert anerem och, wéi wäit dëse Projet Mënschen hëllefe kann.