Klassik aktuell
De Chouer vun der Notre-Dame vu Paräis op Besuch zu Saarbrécken
7 min
Zanter dem 12. Joerhonnert steet d'Kathedral Notre-Dame zu Paräis - an zanterhier geet et och d'Maîtrise Notre-Dame de Paris. Dat ass den Haaptchouer vun der Kathedral. An dëse Samschden (03.06.) séngt de Chouer um Concert d'Ouverture vun de Musikfestspiele Saar 2023 an der Basilika St. Johann zu Saarbrécken. Zesumme mam Chouer héiert een och den Yves Castagnet, dee schonn zanter ronn 30 Joer op der Uergel vun der Kathedral spillt. Den Henri Chalet ass de Chouerleeder zanter 2014, an hien huet dem Marie Schockmel ënnert anerem verroden, wéi de Concertsprogramm mat hirem Chouer zesummenhänkt, a wat et fir hie bedeit, Deel vun esou enger wichteger franséischer Institutioun ze sinn.