Klassik aktuell
Mat ungaresche Wuerzelen an opgewuess zu New York
10 min
"You play what you love" - dat ass deen ee Saz, deen der Julia Hamos vum Sir Andras Schiff fir ëmmer am Kapp wäert bleiwen. Ënner dem brittesche Pianist mat ungaresche Wuerzele studéiert déi amerikanesch-ungaresch Pianistin zanter 2019, an elo ass si eng vun den dräi Auserwielten, déi bei der Concertsrei Building Bridges an der Philharmonie Piano spillt.
An de Programm ass een, dee gutt bei der Julia Hamos hir Originne passt - nieft Komponiste wéi dem Henri Dutilleux an dem Franz Schubert stinn hei nämlech och zwee ungaresch Komponisten um Programm: de György Kurtag an de György Ligeti.
D'Julia Hamos huet dem Marie Schockmel ënner anerem verroden, wéi si sech gefillt huet, wéi si verkënnegt krut, datt si ee vun deenen dräi ass, a wat een op hirem alleréischten CD héiert, en CD, un deem si aktuell schafft.