Klassik aktuell
Een Orchester op enger Insel
26 min
D'Seine Musicale, dat ass eng Insel op der Paräisser Seine voller Gebaier an deenen ënner anerem Musek gemaach gëtt. An do sinn och d'Musekerinnen an d'Museker vum Insula Orchester doheem, ganz passend zum Numm also. D'Laurence Equilbey huet den Orchester virun 11 Joer gegrënnt, an ass och zanterhier d'Dirigentin a musikalesch Direktesch dovunner. Dëse Freideg (09.06.) spillt den Orchester fir déi éischte Kéier am Kader vun de Musikfestspiele Saar. De Programm steet ënnert dem Motto "Mozart Maximum", mat enger Sinfonie an engem Klarinette Concerto vum däitsche Komponist aus der Klassik. Firwat d'Musekerinnen an d'Museker op alen Instrumenter an op Kopie vun alen Instrumenter spillen, a wéi d'Dirigentin sech spiert esou kuerz virun dem Orchester sengem Optrëtt bei de Musikfestspiele Saar, dat a villes méi huet si dem Marie Schockmel verroden.