Klassik aktuell
"He has been a mentor to me these past few years"
6 min
Mat nëmmen 18 Joer gewënnt si virun dräi Joer den éischte Präis beim Nationale Chopin Piano Concours zu Miami. An dank deem Präis hëllt d'Avery Gagliano dann hiren alleréischten CD op. Dorop spillt si nieft Musek vum Frédéric Chopin och ee Wierk vum Franz Schubert. Fir béid Komponisten huet déi aktuell 21-Joer-jonk amerikanesch Pianistin eng grouss Passioun.
De Méinden Owend (12.06.) spillt si hiren éischte Concert an der Philharmonie, dat am Kader vun der Serie Building Bridges organiséiert vum Pianist an Dirigent Sir András Schiff. Ënner him huet d'Avery Gagliano eng Masterklass gemaach a gouf du gefrot, fir bei dëser Serie matzemaachen. Um Programm an der Philharmonie steet ënner anerem, genee wéi op der Pianistin hirem éischten CD, och de Chopin.
D'Marie Schockmel huet sech mat der jonker Pianistin ënnerhalen, ugefaange mat der Fro, wéi si sech elo fillt virun hirem éischte Concert zu Lëtzebuerg.