Klassik aktuell
"Vun engem Stéck op dat anert gesprongen"
7 min
D'Melina Zeleniuk, den Emilio Mecenero an de Grégoire Baumberger - si sinn allen dräi Enseignanten am Stater Conservatoire. An dëse Samschden Owend (10.06.) spillt den Trio ee Concert bei Pianos Kelly zu Nidderanven, e Concert mat Erléis un d'Fondatioun Een Häerz fir Kriibskrank Kanner. Ze héiere si Gei, Saxofon a Piano. A genee esou variéiert ass och de Programm vum Concert "De l'une à l'autre".
Nieft Musek vum Aram Khatchaturian, der Lili Boulanger an dem Astor Piazzolla sinn och zwee Komponisten aus der haiteger Zäit mat dobäi. Dat ass eemol de Lëtzebuerger Marco Pütz, dee speziell fir déi dräi Enseignanten d'Wierk "Salome's Dance" geschriwwen huet, an eemol den Aleksey Igudesman, ee russesch-däitsche Museker a Komiker.
D'Marie Schockmel huet sech mat der Melina Zeleniuk a mam Grégoire Baumberger ennerhalen.