Klassik aktuell
Musek am Atertdaul fir déi 25. Kéier
9 min
"Liszt, rien que Liszt", "Mozart, rien que Mozart" - Dat sinn zwee vun de Concerten vun der 25. Oplag vu Musek am Atertdaul, engem Festival un der belscher Grenz, deen e Fokus op de Gesang leet. Dëst Joer gi vum 26. August bis den 1. Oktober siwe Concerte gespillt. De roude Fuedem dëst Joer ass deen, datt vill vun de Concerte sech op een eenzege Komponist konzentréieren. A beim Concert ronderëm d'Musek vum Mozart steet de Lëtzebuerger Kammerorchester Estro Armonico mam Carlo Jans als Dirigent op der Bün, zesumme mat enger Sängerin an engem Sänger. D'Marie Schockmel huet sech mat der Sylvie Hubert, der Directrice vum Festival, iwwer de Programm ënnerhalen.