Klassik aktuell
The Gesualdo Six - Vu Cambridge op Klierf
8 min
The Gesualdo Six - dat ass ee Grupp vu sechs Sänger, deen d'nächst Joer säin zéngte Gebuertsdag feiert. An an deene knapp zéng Joer gouf et och schonn deen een oder anere Wiessel, mee d'Polyphonie steet ëmmer am Fokus. Zanter 2016 gouf et da net méi vill Wiessel, an d'Frëndschaft tëschent deene sechs Sänger gouf och ëmmer méi staark.
Dëse Sonndeg (18.06.) sangen The Gesualdo Six hiren éischte Concert zu Lëtzebuerg, dat an der Loretto Kapell zu Klierf. Hei steet net Musek vum Carlo Gesualdo, dem Namensgeber vum Grupp, um Programm, mee englesch Motetten.
Den Owain Park, de Grënner an ee vun de sechs Sänger, huet dem Marie Schockmel méi verroden iwwer säin Ensembel an de Concertsprogramm.