Klassik aktuell
Eng Koppel an zwou Gitarren am Park
8 min
Concerte bausse spillen ass fir d'Alexandra Petrișor and den Dragoș Horghidan näischt Neies. A villen ënner anerem botanesche Gäert ass de rumänesche Gittaren Duo schonn opgetrueden. An dëse Freideg (16.6.) maachen déi zwee dat fir déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg, am Park vun der Villa Vauban am Kader vun der Serie Klassik am Park.
Um Programm sti Wierker aus hirem neien Album "Fandango". Ganz passend zum Titel, deen en energeschen Danz aus Spuenien an aus Portugal beschreift, spillt d'Koppel hei spuenesch Musek.
D'Marie Schockmel huet sech mat deenen Zwee ënnerhalen, ënner anerem doriwwer, ob si selwer och bei där Musek danze wëllen, an iwwer hir zweet Karriär als Gittar-Enseignanten an hirer eegener Gittar-Schoul.