Klassik aktuell
Déi zweet Flütt am OPL als Solistin
10 min
Zanter 2010 ass si déi zweet Flütt am OPL. A si ass och schonn als Solistin zesumme mam Orchester opgetrueden. Dëse Samschden (17.06.) spillt si mat engem neien Orchester zesummen, dem Orchestre de la Place de l'Europe. Am groussen Auditorium vun der Philharmonie spillt d'Flüttistin hei ënner der Baguette vum Benjamin Schäfer dem Mozart säi Flütte-Concerto. Wéi d'Hélène Boulègue sech spiert, wa si dëst Wierk spillt, a firwat si sech als Kand fir d'Flütt entscheet huet, dat a villes méi huet si dem Marie Schockmel verroden.