Klassik aktuell
Déi éischt Iechternacher Saxofonsdeeg
6 min
Coursë fir déi lokal Schüler:innen aus der Museksschoul, aus de Conservatoiren, an eigentlech och fir jiddwereen, deen et interesséiert. Dëst steet am Zentrum vun den éischten Iechternacher Saxofonsdeeg, wann den Dozent Michel Krenn säi Wëssen de 24. Juni an der Iechternacher Museksschoul vermëttelt. Niewent dëse fir de Public oppene Coursen, steet de 25. Juni e Concert mat enger ganzer Rei Museker:innen am Trifolion op der Affiche.
Wat genee een do erwaart - ënner anerem doriwwer huet de Luc Boentges mam Saxofonist an Organisateur Andreas Mader geschwat.