Klassik aktuell
Eng Perkussionistin, Yoga a meditativ Musek
11 min
Zanter zwee Joer ass si Member vun der Luxembourg Philharmonic Orchestra Academy an der Philharmonie. D'Élise Rouchouse spillt Perkussioun, zanter datt si fënnef Joer al war an ass ëmmer bereet fir en Abenteuer. Dat passt och gutt bei hir Karriär, well do léiert si ëmmer erëm nei Perkussiouns-Instrumenter kennen.
Bei hirem nächste Concert an der Philharmonie haut den Owend (19.06.) steet d'Élise Rouchouse zesumme mat der Geiistin ... an och mat Museker vun de Lëtzebuerger Philharmoniker op der Bün a spillt Musek, déi hir immens gutt gefält. Et ass "Spiegel im Spiegel" vum Arvo Pärt - Ee Wierk, dat, wéi si seet, gläichzäiteg ganz meditativ an awer och voller Energie ass.
Dem Marie Schockmel huet déi jonk Musekerin ënner anerem verroden, wat fir ee Sport si gäre mécht a wisou deen och bei d'Musek vun dësem Concert passt, a firwat si sech als Kand fir d'Perkussioun entscheet huet.