Klassik aktuell
De Claude Weber zeréck vum Bachfest 2023
10 min
"Euterpes Töchter"- dat ass den Titel vun engem Concert, deen de Lëtzebuerger Pianist Claude Weber zesumme mat der däitscher Sopranistin Gerlinde Sämann am Schumann-Haus zu Leipzig gespillt huet. Dat ass wou de Robert an d'Clara Schumann fir ronn véier Joer zesumme gewunnt hunn.
De Programm war genee deen, deen déi zwee och op engem Concert virun zwou Wochen zu Lëtzebuerg opgeféiert hunn, mat ënner anerem och Musek vun der Helen Buchholtz, der Catherine Kontz, a vun der Albena Petrovic-Vratchanska.
Wéi déi lëtzebuergesch Musek beim Public zu Leipzig ukoum, ënner anerem dat huet eis de Claude Weber an engem Réckbléck iwwer dëse Concert verroden.