Klassik aktuell
Filles des Muses
9 min
D'Gerlinde Sämann an de Claude Weber - viru fënnef Joer hunn déi däitsch Sopranistin an de lëtzebuergesche Pianist hiren éischten CD zesummen opgeholl. Dorop spillen si Musek vun der Helen Buchholtz. Zanterhier schaffen si weider zesummen, a proposéieren elo ee Concert direkt zweemol. Eemol zu Lëtzebuerg am Foyer Européen, an eemol zu Leipzig am Schumann-Haus. Dës Kéier stinn direkt dräi lëtzebuergesch Komponistinnen op der Affiche - nieft der Helen Buchholtz sinn dat sinn d'Albena Petrovic-Vratchanska an d'Catherine Kontz.
De Claude Weber huet dem Marie Schockmel ënner anerem iwwer d'Ufäng vu senger Zesummenaarbecht mat der Gerlinde Sämann erzielt, a wéi d'Musek vu Komponistinnen aus dem 19. an aus dem 21. Joerhonnert an een eenzege Programm passen.