Klassik aktuell
Prima la parola o prima la musica?
9 min
Museker:innen aus grousse Sinfonieorchesteren, déi heiansdo och gären emol a méi klenge Besetzunge spillen, dat sinn d'Luxembourg Chamber Players. Ënner der Leedung vun hirem Chefdirigent a Grënner Thomas Raoult spille si e Sonndeg (25.06.2023) am ARCA zu Bartreng d'Ouverture zum Wolfgang Amadeus Mozart senger Oper "Figaro", dem Ludwig van Beethoven säi fënnefte Pianosconcerto an d'Sinfonie an Do Majeur vum Hector Berlioz.
Regroupéiert ass dëse Programm ënner dem Titel "Prima la parola o prima la musica?". Wéi dësen Titel ze verstoen ass, ënner anerem doriwwer huet de Luc Boentges mam Thomas Raoult geschwat.