arrow_back_ios
Klassik aktuell
Säin alleréischte Concert op Nationalfeierdag
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Et ass säin alleréischte Concert op Nationalfeierdag. De Benjamin Kruithof spillt dëse Freideg op Nationalfeierdag zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker a mam Pierre Cao um Dirigentepult ee Concert an der Philharmonie.
Um Programm steet "Waldesruhe" vum Antonín Dvořák, eng ganz gesanglech a dramhaft Musek, fënnt de jonken Cellist. Hien huet dem Marie Schockmel ënner anerem verroden, wéi besonnesch dëse Concert fir hien ass, a wéi de Programm zum Nationalfeierdag passt.