Al Schanken
Al Schanken
60 min
Als Burning Spear ass de Winston Rodney zanter de 70er ee vun de wichtegste Vertrieder vum engagéierte Roots-Reggae. De Major Island Records huet hien ënner Kontrakt geholl a war averstanen, datt de Museker lues a lues seng Placke selwer produzéiert huet. No deem engen oder anere Wiessel wat d'Plackefirme betrëfft, huet de Burning Spear d'lescht Joer säi "Live at Montreux Jazz Festival" um eegene Label erausbruecht - d'Opname sinn allerdéngs vun 2001.
1999 krut de Museker en éischte Grammy fir säin Album "Rastafari", 2009 e weidere fir "Jah is Real". Mat sengen antëschent 78 Joer ass de Burning Spear nach ëmmer op der Bün aktiv a wäert am Summer op verschiddene Reggae-Festivallen ze erliewe sinn. De gebiertege Jamaikaner lieft zu New York.
D'Playlist:
King Biscuit Boy - Get It Right (Mouth Of Steel, 1984)
The Allman Brothers Band - Change My Way Of Living (Where It All Begins, 1994)
Molly Hatchet - Boogie No More (Flirtin' With Disaster, 1979)
Taj Mahal And The Hula Blues Band - Queen Bee (live) (Live From Kauai, 2015)
Taj Mahal And The Hula Blues Band - Blackjack Davey (live) (Live From Kauai, 2015)
The Who - Won't Get Fooled Again (Who's Next, 1971)
Jethro Tull - Aqualung (Aqualung, 1971)
Burning Spear - Columbus (live) (Live at Montreux Jazz Festival, 2022)
Burning Spear - Slavery Days (live) (Live at Montreux Jazz Festival, 2022)
Eric Clapton - Bad Love (Journeyman, 1989)