Klassik aktuell
Vu "My Paris" bis "Paris me manque grave"
10 min
Wann déi australesch Flüttistin Ana de la Vega hautzedaags zeréckkuckt, dann denkt si einfach nëmme verréckt gewiescht ze sinn. No hire Studien zu Sydney huet si nämlech een Ticket ouni Retour fir op Paräis kaaft a wollt mat nëmmen engem Rucksak an ouni groussem Plang hiren Dram verwierklechen. Zanter e puer Joer ass si erëm an Australien an huet ënner anerem den Album "My Paris" mam Pianist Paul Rivinius opgeholl.
Dëse Sonndeg spillt den Duo dee selwechte Programm an der Orangerie vum Schlass Bekond bei Tréier, am Kader vum Mosel Musikfesival.
Ënner anerem wéi gutt dee Kader bei de Concertsprogramm passt, dat huet d'Ana de la Vega dem Marie Schockmel verroden. Ugefaangen domat, zanter wéini si zesumme mam däitsche Pianist op Büne steet.