Klassik aktuell
"Et gëtt eng witzeg Aventure"
10 min
Virun zwee Joer war d'Première vu sengem Wierk "Pulsations" - d'Inspiratioun dofir a fir seng Musek allgemeng hëlt den Hy-Khang Dang aus dem Liewen a Stied. Selwer huet hien ënner anerem schonn zu Bréissel, Paräis a London gelieft. Dëse Freideg (21.07.) spillt hien zesumme mat véier weidere Museker ee Concert am Park vun der Villa Vauban. Esou Concerte baussen a ganz locker sinn näischt Neies fir deen 28-Joer-jonke Museker - scho wärend senge Studien zu Paräis huet hie Concerten a senger Studente-Residenz gespillt.
D'Marie Schockmel huet sech mat him ënnerhalen, ënner anerem iwwer säi Liewen als Komponist, Saxofonist an Dirigent.