Klassik aktuell
Les Ballades du Carillon
9 min
De Carillon ass en Instrument, dat déi meescht vun eis schonn dacks héieren hunn. Mee wéi een dat spillt, a wie sech dorëms këmmert, ass manner bekannt. A wéi dat Instrument konkret ausgesäit, weess och vläicht net jiddwereen.
Zu Iechternach an der Basilika kann een elo vum 19. Juli un iwwer déi nächst sechs Wochen, ëmmer mëttwochs mëttes eng Besichtegung vum Carillon maachen. Duerno gëtt dann e Concert mam Instrument gebueden.
De Christophe Mirkes huet sech mam Carillonneur vun der Iechternacher Basilika, dem Fabrice Renard, doriwwer ënnerhalen, wat de Carillon fir hien esou e besonnescht Instrument mécht a wéi villfälteg e kann agesat ginn.