arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Mix vu Power a Rou
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
Eng musikalesch Mëttesstonn mat vill Energie an och enger ganzer Partie rouegen Amenter proposéieren den Cellist Yves Tordy an den Organist Gilles Leyers en Donneschdeg (03.08.) an der Kierch am Pafendall. Um Programm stinn ënner anerem dem Max Bruch säi bekannt Wierk "Kol Nidrei" an eng Sonat vum Luigi Boccherini.
De Luc Boentges schwätzt mam Yves Tordy iwwer de Programm, d'Mëttesstonn an och déi méi seele Kombinatioun vun Uergel an Cello.